Zukunft #3 mam Magali Paulus: "Eng gerecht Welt fir Jiddereen*t"
Manage episode 446716948 series 3606931
An dëser Episode schwätzt eisen Host, de Cédric Reichel, mam Magali Paulus iwwert Biergerbedeelegung. D’Magali Paulus ass geléierten Ethnologin, schafft beim CELL als Coordinatrice vun der Assemblée Climatique et Transition Démocratique an ass passionéiert Aktivistin. Zesummen diskutéire mir iwwert Froen ewéi: Funktionéiert eis Demokratie? Ween däerf zu Lëtzebuerg wielen? Firwat maachen d’Leit (net) matt? Waat sinn déi eischt Schrëtt déi een als Bierger maache kann?
All dat, an nach vill méi fannt Dir an dëser Episode raus!
Méi Informatiounen:
- de Klima Biergerrot: https://gouvernement.lu/fr/publications/rapport-etude-analyse/klima-biergerrot.html/ (rapport final en FR)
- Plan National intégré en matière d’Energie et de Climat (PNEC): https://statistiques.public.lu/fr/actualites/2024/pnec-juillet-2024.html
- CELL: https://www.cell.lu/
D’Rubricken:
5:11 - d’Fro vum Nohaltegkeetsrot
11:06 - de kritesche Geescht
15:06 - Top Flop
15:56 - Fakten, Fakten, Fakten
13 قسمت